Oft gestallte Froen

Wisou brauch ech eng Alarmanlag?
A Fachkreeser wäert et ëmmer eng Grupp ginn, déi elektronesch Sécherheet der mechanescher virzitt an ëmgedréint. Fakt ass, dass mechanesch Sécherheet eng Abrochsverzögerung hierstelle soll an doduerch den Abriecher vu sengem 'Projet' ofhale soll. Elektronesch Sécherheet dogéint, erkennt den Abroch a gëtt duerch Signaler am Bannen- an Bausseberäich eng Meldung a schreckt schonn alleng duerch d'Baussesireen de potentiellen Andréngleng of. E weidere Virdeel ass, dass net nëmmen Abrochschutz, mee och gläichzäiteg den oft ënnerschätzte Brandschutz ofgedeckt ka ginn.
Funk- oder verkabelt Alarmanlag?
Wann Dir d'Méiglechkeet hutt, recommandéieren mir Kabelen ze leeën. Dat kascht villäicht am Ufank e wéineg méi, mee dir musst keng Batterien austauschen.
Wéieng Virdeeler huet Funk?
Alarmanlage mat Funkkomponente si méi flexiblel an der Installatioun a kënnen einfach bei Raumverännerungen durch Miwwel oder Renovéierung ëmgesaat ginn. Funkkomponente sinn och eng sënnvoll Ergänzung zu verkabelte Systemer, wa keng Stroumleitung do ass, zum Beispill bei der Ofsécherung vun Daach- oder Kellerfënsteren.
Wei laang hält eng Batterie?
Dëst ass ofhängeg vun der Heefegkeet mat där den Alarm ausgeléist gëtt. Awer an der Regel halen d'Batterien bei normalem Betrib ongeféier 2-5 Joer.
Wei staark ass d'Funkstrahlung?
Funkkomponente vun enger Alarmanlag senden nëmmen a bestëmmten Zäitofstänn e ganz schwaacht Signal aus, an zwar 1 Mol pro Stonn (433 MHz-Komponenten) bzw. all 15 Minutten (868 MHz-Komponenten) e Signal mat 0,1 mW Sendeleeschtung. Am Verglach dozou schéckt en Handy e Signal baal permanent, a regelméissegen Ofstänn, souwuel beim Verschécken wei och beim Kréien, an dëst mat enger Sendestäerkt vu bis zu 4 Watt.
Kann d'Funkiwwerdroung gestéiert ginn?
Souwuel am Frequenzberäich fir 433MHz, wéi och fir 868MHz ginn et verschidde Geräter am Haushalt déi am Alldag benotzt ginn - zum Beispill Télécommanden, Garagenöffner asw. Dës Apparater ënnerscheede sech esouwuel an der Iwwerdroung innerhalb vum Frequenzberäich, wéi och an der Codéierung vum Signal. Eng Funkzentral féiert all Stonn e 'Lauschtertest' duerch a scannt de Frequenzberäich no Signaler, déi d'Kommunikatioun mat hire Komponente stéiere kéinten. Sollt dës de Fall sinn, gëtt dës Informatioun iwwermëttelt.
Ass eng Opschaltung vun der Alarmanlag zu engem Waachdéngscht néideg?
Noutwenneg ass d'Verbannen net, mee trotzdeem ass et sënnvoll, zumols e schnellt Agräifen duerch geschoultent Personal oft gréissere Schued verhënnere kann. Et muss een allerdéngs beuechten dass eng Opschaltung all Mount Käschte mat sech bréngt, déi ofhängeg vum Ubidder an der Leeschtung kënne méi oder manner héich ausfalen.

Lauschtert Iech hei e puer Tipps vum Gilbert Reyland un:

tab_listen-now Keng Alarm - keng gudd Idee!

tab_listen-now Ass et schweier eng Alarm unzemaachen?

tab_listen-now Service no der Installatioun

tab_listen-now Waat kann een alles un esoueen Alarmsystem uschleissen?

tab_listen-now Vakanz, a nach keng Alarm?

tab_listen-now Videoiwwerwaachung

tab_listen-now Kofferfort'en

tab_listen-now Eng grouss Palette vun aaneren Servicer

Wisou brauch ech eng Alarmanlag? A Fachkreeser wäert et ëmmer eng Grupp ginn, déi elektronesch Sécherheet der mechanescher virzitt an ëmgedréint. Fakt ass,... mehr erfahren »
Fenster schließen

Filter schließen
Für die Filterung wurden keine Ergebnisse gefunden!
Zuletzt angesehen