Wäertsaache schützen – op Wichteges oppassen

E Safe ass Deel vun de Fundamenter vun engem perséinleche Sécherheetskonzept.
A fir mat engem geleefege Viruerteel opzeraumen: wien sech wëll e Kofferfort kafe, muss net onbedengt räich sinn!
D’Definitioun vu schützenswäerten Objet'en ass ganz individuell a meeschtens ass den ideale Wäert vun engem Géigestand net miessbar. Déi meescht Kofferfort'en gi vu Leit kaf déi hire Besëtz geséchert wëlle wëssen. Sécher viru Friemen an onerlaabtem Zougrëff, souwéi viru Brandawierkungen.
Familljenënnerlagen, Aktiepabeieren, héich Boergeldzommen, Schmuck oder aner Wäertgéigestänn, mee och Datesécherungen vum Computer versuergt een zur Sécherheet an engem Kofferfort. E weidere Grond fir sech e Kofferfort unzeschafen kann natierlech och sinn well säi Virgänger ze kleng ginn ass, oder Sécherheetsmängel opweist.
En zousätzleche Feierschutz gëtt et am Trésorbau eréischt säit e puer Jorzéngten.
Dateschutztrésoren fir sensibel Elektronik ze protégéiere ginn et eréischt säit e puer Joer.
Ëmmer méi Assurancen bestinn dorop dass ee säi Besëtz schützt, an dat no gewësse Regelen.
Also muss ee sech am Viraus berode loossen, well net all Kofferfort'en vun de Versécherungen akzeptéiert ginn. Oft mierke Client'en eréischt wann et ze spéit ass, dass hir Assurance net fir de Schued duerch en Déifstal opkomme wäert. Heibäi ass d’ Klassenzertifizéierung entscheedend.
Mat HARTMANN TRESORE AG hu mir e staarke Partner mat jorzéngtelaanger Erfahrung an engem ëmfaassende Portfolio un eiser Säit.
Dir hudd Froen oder braucht méi Informatiounen? Zeckt net a rufft nach haut bei eis un!
Mir maachen Iech gären e gratis Devis.
T. (+352) 26 300 221 | info@securitec.lu
Fir dass d’Uschafung vun Ärem Kofferfort geléngt, ass eng individuell a fachkompetent Berodung absolut noutwenneg. Fuerdert eis!