IP-Video Géigespriechanlagen fir Smartphone, Tablet & Windows PC

Den Här "Ech sinn et" ass ee vun deenen heefegste Visiteuren un der Dierspriechanlag. Oft stellt sech dann eraus, dass et guer net dee gewënschten oder erwaarten "Ech" ass.
Mat der IP-baséierter Video-Dierspriechanlag myintercom kënnt Dir den allsäits bekannten "Ech sinn et" op Ärem Smartphone, Tablet oder Windows PC visualiséieren an direkt erkennen, wien do un der Dier ass, well duerch Videoiwwerdroung gëtt all Besuch direkt erfaasst.
Se besteet aus der Dierstation myintercom One oder myintercom Plus an der App myintercom fir Äert Endgerät.
D'Schell, d'Sprooch an d'Kamerabilder vun der Dierstation ginn op Äre Smartphone oder Tablet iwwerdroen, doheem ( 2 ) an ënnerwee ( 3 ). Dir kënnt vun iwwerall mat Ärem Besuch schwätzen, e gesinn an d'Dier opmaachen. Op dësem Wee bidd dës Anlag e berouegent Sécherheetgefill, egal op et sech ëm Privathaushalt oder Firmenterrain handelt. D'Video-Dierspriechanlag myintercom vereent Design, Konfort an en eenzegaartege Funktiounsëmfang.

Virdeeler
- Signaliséierung vun der Schell op de Smartphone, Tablet oder PC
- Héichwäertege Bildsensor ( Axis
Communications ) mat LED-Beliichtungsrang fir d'Ausliichtung vun der Emgéigend bei Donkelheet
- Kamera-Livebild an héijer Opléisung a Geigespriechen an exzellenter Tounqualitéit
- Bequem Notzung vun e puer myintercom Dierstatiounen mat enger App
- Externen Diergong an Dieropmaach-Télécommande uschléissbar
- Beschrëftungsfeld mat LED-Beliichtung
- Wiederbestänneg Metallfront a modernem Design
- Späichert eng Lëscht vun deene leschten 20 Visiteuren ( Bild, Datum und Auerzäit )
- Weltwäiten Zougrëff duerch gratis App ouni Oppräiss!
- Dier opmaache per App
- Nei ( optional ): integréiert Kaarteliesgerät, bis zu 3 Ruftasten, Sabotage-Kontakt, 2-Drot System
Drotlos Kommunikatioun - Sécheren weltwäiten Zougrëff - Exzellent Bild- a Sproochqualitéit - Einfach Installatioun!

Dir hudd Froen oder braucht méi Informatiounen? Zeckt net a rufft nach haut bei eis un!
Mir maachen Iech gären e gratis Devis.
T. (+352) 26 300 221 | info@securitec.lu
