Videoiwwerwaachung

Duerch modern Techniken an héich Produktiounskapazitéiten si Videoiwwerwaachungssystemer mëttlerweil richteg zouverlässeg an och fir méi kleng Objet'en bezuelbar ginn. Den Asaz vun digitalen Video-Opzeechnungssystemer mat automatescher Bewegungserkennung a Rangspäicherung mécht et méiglech, dass Videodaten flexibel, laangfristeg a skaléierbar opgezeechent an ausgewäert kënne ginn. A Kombinatioun mat intelligente Videomanagement-Softwareléisungen loossen sech esou sécherheetsrelevant Beräicher präzis iwwerwaachen!
Duerch déi deeglech Hiobsbotschaften an de Medien gëtt d'Akzeptanz vu Videoiwwerwaachung an alle Beräicher vum Alldag ëmmer méi wichteg. Déi staark Ofschreckwierkung vun de siichtbare Kamera'en schützt Är Famill an Äre Betrib optimal virun Abriecher! A wann den Effekt vun Ofschreckung dann eng Kéier net sollt duergoen, sinn d'Opnamen vun de Kamera'en hëllefräich bei der Enquête.
E grousse Virdeel vun de Videoiwwerwaachungssystemer ass och déi optimal Kombinatioun vun elektronescher Alarmanlag a visueller Kontroll.
Ob zur Opklärung vu Strofdote wéi Déifstal, Abroch a Vandalismus oder zur Sécherung vu Gebaier an Aussenanlagen - mir hunn déi richteg Videoiwwerwaachungsanlag fir Iech!
E Bild seet méi wéi dausend Wierder.
Dat gëllt virun allem an der Sécherheetstechnik.
Eng Nout- oder Servicezentral kann ukommend Alarmmeldungen vill besser beurdeelen an déi richteg Reaktiounen aleeden, wa sech mat Hëllef vun zousätzlechem Bildmaterial oder der Opschaltung zu enger Iwwerwaachungskamera kläre léisst, wat fir eng Bedrohung tatsächlech besteet, oder ob et sech ëm e Feelalarm handelt.
Wat passéiert grad a mengem Weekendshaus am Ausland?
Mir suergen dofir, dass Dir Iech dat ukucke kënnt!
Dir wëllt dës Biller live op engem Smartphone oder PC ukucken? Kee Problem, mir erméiglechen Iech dat!
Dir hudd Froen oder braucht méi Informatiounen? Zeckt net a rufft nach haut bei eis un!
Mir maachen Iech gären e gratis Devis.
T. (+352) 26 300 221 | info@securitec.lu



Mir plangen, installéieren a këmmeren eis fir Iech ëm Videoiwwerwachungssystemer.