Biometrie
Wat ass Biometrie?
D’Benotze vu modernen elektroneschen Hëllefsmëttel, wéi zum Beispill Geldautomaten, Handyen oder PC'en, ass ouni Sécherungssystemer net virstellbar. Passwierder a PIN'en solle viru Mëssbrauch schützen. D’Flut vu PIN'en a Kennwierder fir EC- a Kreditkaarten, Online-Banking, esouwéi och all Form vun Online-Servicer erhéicht déi individuell Transaktiounskäschten, an et gëtt ëmmer méi schwéier, sech an deer ëmmer méi vernetzter Welt erëmzefannen. Mat der Aféierung vun Internet, E-Commerce, M-Commerce geet d’Ära vun der Allengherrschaft vu physeschen Identitéitsdokumenter – d.h. Reespäss, Personalausweiser a Führerschäiner – op en Enn. Fir d’Authentifizéierung an d’Feststellung vun der Identitéit bei neie Medien si biometresch Identifikatiounsverfahren predestinéiert. Aus der bestänneg steigender Komplexitéit an der individueller Iwwerfuerderung duerch Mierkprozesser resultéiert d’Noutwenndegkeet iwwer Alternativen nozedenken.
E villverspriechenden Usaz ass d’Uwennung vu biometreschen Identifikatiounsverfahren, bei deene persounen- oder kierperspezifesch Mierkmoler zur Identifikatioun benotzt ginn. Biometresch Identifikatiounsverfahre si benotzerfrëndlech a méi komfortabel ewéi d’Verhale vu Passwierder oder d’Droe vun Schlësselkaarten oder Transponder. Biometresch Verfahren erlaben eng gënschteg a schnell automatiséiert Identifizéierung fir eng Villzuel vun Uwenndungen.
Biometresch Verfahren notzen d’Fäegkeete vu Computeren a Verbindung mat Sensoren oder aneren Opnamegeräter, fir mënschlech Kierper- oder Verhalensmierkmoler ze moossen an auszewäerten. D’Ziel vun enger biometrischer Erkennung ass, relevant Informatiounen iwwer Kierper- oder Verhalensmierkmoler erauszefilteren, fir d’Identitéit vun enger Persoun ze ermëttelen (Identifikatioun) oder déi behaapten Identitéit ze bestätegen / ze widderleeën (Verifikatioun). Berechtegt Persounen sollen also zum Beispill vun onberechtegte Persoune getrennt ginn.
Bei engem biometresche System handelt et sech virun allem ëm e System dee Musteren erkennt.
Biometresch Verfahren hunn innerhalb vun hire verschiddene Prozeduren – Fangerbild, Fangergeometrie, Gesiicht, Handgeometrie, Iris, Retina, Sproocherkennung, Ënnerschrëftenerkennung a Venenerkennung – ganz verschidden technesch Eegeschaften an Erfollegskriterien.
Wann een d’Verfahre richteg auswielt si Sécherheet a Konfort keng Géigesätz méi.
Mir setze virun allem Fangerofdrock Terminaler fir Zoutrëttskontroll and Zäiterfaassung an. Mat der Videoiwwerwaachungsléisung VDG hu mir e Produit dee biometresch Persounen- a Gesiichtserkennung fir zum Beispill d’Zoutrëttskontroll erméiglecht.
Dir hudd Froen oder braucht méi Informatiounen? Zeckt net a rufft nach haut bei eis un!
Mir maachen Iech gären e gratis Devis.
T. (+352) 26 300 221 | info@securitec.lu
